Aacht Filmer vum Projet COMPARE: 1. Aféierung; 2. Literacy – Wat ass dat?: 3. Literacy entwéckelen – Wéi a mat weem?; 4. Elterebesuch – Eng Beräicherung; 5. Um Wee zum Partenariat mat den Elteren
[en] Aféierung Aféierung an d’Filmer vum Projet COMPARE
An dëser Serie vu Videoe weise mir iech wéi dir Literacy mat klenge Kanner entwéckelen kennt a wéi Zesummenaarbescht mat Elteren a Bibliothéiken iech heibäi hëllefen.
Film 1 Literacy – Wat ass dat?
Fréi Erfarunge mat Literacy beaflossen de Kanner hir sproochlech Fähegkeeten, hir Erzielfähegkeet, de Prozess vum Liesen- a Schreiweléieren an hir spéider Leeschtunge an der Schoul. Den éischte Video stellt d'Konzept vu Literacy vir a presentéiert produktiv Situatiounen.
Film 2 Literacy entwéckelen – Wéi a mat weem?
An dësem Film weise mir iech wéi Dir Literacy zesumme mat Elteren a Bibliothéike kennt entweckelen.
Film 3 Elterebesuch – Eng Beräicherung
Dëse Video weist iech zwee Beispiller vun Zesummenaarbecht. Eng Educatrice an Elteren erklären de Benefice vun der Zesummenaarbecht fir d’Kanner, d’Elteren an d’Educatricen.
Film 4 Um Wee zum Partenariat mat den Elteren
An dëser Crèche kachen d’Educatrice reegelméisseg mat de Kanner an heiansdo mat den Elteren. Situatiounen vu Literacy a verschiddene Sprooche komme spontan op. Elteren an d’Chargée vun der Crèche presentéieren d'Auswierkunge vun der Zesummenaarbecht.
Disciplines :
Arts & humanities: Multidisciplinary, general & others
Author, co-author :
KIRSCH, Claudine ; University of Luxembourg > Faculty of Humanities, Education and Social Sciences (FHSE) > Department of Humanities (DHUM)
Colucci, Laura
Lutgen, Pit
Mortini, Simone
Language :
Luxembourgish
Title :
Aacht Filmer vum Projet COMPARE: 1. Aféierung; 2. Literacy – Wat ass dat?: 3. Literacy entwéckelen – Wéi a mat weem?; 4. Elterebesuch – Eng Beräicherung; 5. Um Wee zum Partenariat mat den Elteren
Publication date :
20 January 2022
Institution :
University of Luxembourg, Service National de la Jeunesse