No full text
Speech/Talk (Diverse speeches and writings)
Lëtzebuerger Mathematikerin bei der Weltraumagence ESA
Palmirotta, Guendalina
2022
 

Files


Full Text
No document available.

Send to



Details



Abstract :
[en] Eng Lëtzebuerger Mathematikerin schafft zanter e puer Woche fir d'europäesch Weltraumagence zu Darmstadt. Déi jonk Fra entwéckelt Modeller fir d'Wieder am Weltall virauszesoen, fir esou d' Satellittesystemer viru Sonnestierm ze schützen. De Weltall passionéiert zanter, datt et d'Mënschheet gëtt. D’Dr. Guenda Palmirotta ass Mathematikerin a huet sech fréi fir dat interesséiert, wat ausserhalb vun der Äerd geschitt. Mam Job bei der Europäescher Weltraumagence geet en Dram an Erfëllung. Zu Darmstadt entwéckelt d'Lëtzebuergerin Modeller fir d’Weltraumwieder virauszesoen. Bestëmmt gëtt dëst vun der Sonn an de Sonnestierm, déi kennen entstoen, déi fir Satellittesystemer e Problem kënnen duerstellen. Ee vun den Ziler ass et, an den nächste Joren d’Previsioune méi präzis ze maachen, ma och méi wäit am viraus kënne viraussoen, wat geschitt. Konkret ginn d’Modeller elo schonn agesat, fir d’Astronauten op der Internationaler Weltraumstatioun ze schützen. Zu Darmstadt huet d'ESA een neien Iwwerwaachungszentral, wou nieft dem Weltraumwieder och aner Elementer vun der Weltraumsécherheet am A behale ginn. Esou zum Beispill de Weltraumschrott, mëttlerweil gëtt et vill Satellitten, déi net fonctionéieren a mat Aktive kéinte kollidéieren. Mat mathematesche Modeller sollen déi aktiv Satellitte gewarnt ginn a se esou hir Positioun fréizäiteg kënnen änneren.
Disciplines :
Space science, astronomy & astrophysics
Author, co-author :
Palmirotta, Guendalina  ;  University of Luxembourg > Faculty of Science, Technology and Medicine (FSTM) > Department of Mathematics (DMATH)
Language :
English
Title :
Lëtzebuerger Mathematikerin bei der Weltraumagence ESA
Publication date :
15 April 2022
Event name :
TECH WORLD - VU SONNESTIERM, WELTRAUMSCHROTT AN ASTEROIDEN
Event organizer :
RTL News
Audience :
International
Available on ORBilu :
since 16 May 2022

Statistics


Number of views
88 (4 by Unilu)
Number of downloads
0 (0 by Unilu)

Bibliography


Similar publications



Contact ORBilu