[lb] Ufank vum 19. Joerhonnert, iergendwou an den Ardennen. E puer Joer virdrun huet de Buergermeeschter vun engem klengen Duerf un deem Opstand géint d'Truppen vum Napoléon deelgeholl, deen ënnert dem Numm Klëppelkrich (guerre des gourdins) an d'Geschicht goung. An der Tëschenzäit huet hien sech ëmgedréit fir sech der neier Muecht z'ënnerwerfen. Wann d'Fransouse vu senger Vergaangenheet sollte gewuer ginn, géif dat fir hien d'Guillotine bedeiten. Bis elo leeft alles gutt fir hien a seng zwee Gesellen, awer e fréiere Waffenkolleg, deen am Bësch verstoppt lieft, kënnt säi Spill opfléie loossen.
Am Gespréich mam Gérard Floener stellt de Marc Angel seng BD vir an de Sonja Kmec beliicht déi historesch Hannergrënn vun der BD.
Disciplines :
History
Author, co-author :
Angel, Marc
KMEC, Sonja ; University of Luxembourg > Faculty of Humanities, Education and Social Sciences (FHSE) > Department of Humanities (DHUM) > History
Floener, Gérard
Language :
Luxembourgish
Title :
Här a Meeschter - Buchpräsentatioun an Diskussioun