Music in Luxembourg; Cultural History; Sociology of Music
Abstract :
[en] An dësem Virtrag gëtt d’Museksliewen zu Lëtzebuerg säit dem Zweete Weltkrich behandelt, den Opschwong vun der Amateurmusik an der kuerz dono, an d’Community Music an eisem haitege Medienzäitalter. Déi folgend Aspekter stinn am Mëttelpunkt: D’”Gläichschaltung” vum Museks- a Kulturliewe während der nationalsozialistischer Besatzungszäit unhand vum Beispill vun der Dikrecher Philharmonie. Heiru gëtt kloer, dass déi un der Muecht sech dacks ouni Erfolleg ëm d’Gonscht vun der musizéierender Bevëlkerung beméit hunn a mat wéi engen drastesche Mëttelen si Veräiner begéint sinn, déi net noginn hunn. Am musekssoziologeschen Deel vun der Konferenz gëtt d’Museksveräinsliewen nom Zweete Weltkrich thematiséiert. Den Neiufank no de Krichsjoren huet de Veräiner eng nei Beléiftheet bruecht, déi souguer déi aus der Grënnungszäit iwwertraff huet. Dozou koum, dass d’Aarbechter aus den Industriegebidder am Süde vum Land an de Museken an de Chéier en intellektuellen Ausgläich zu hirer kierperlecher Aarbecht fonnt hunn. De kënschtlereschen Niveau vun de verschiddene Gesellschafte gouf zu engem iwwerregionale Virbild. D’Enn vun der Stolindustrie an den 1980er Jore war och d’Enn vu ville Museksgesellschaften, wéi zum Beispill der Déifferdenger Harmonie Municipale ënnert der Direktioun vum Asca Rampini. Säitdeem huet sech d’Museksliewen ëmmer méi dezentraliséiert. Et gouf versicht, des batter Erfarung mat enger prononcéierter musikalescher Bildung wettzemaachen, wat dozou gefouert huet, dass souguer an den entleeënsten Ecke vum Land Musekscoursen ugebuede goufen. Des Entwécklung huet eng Dezentraliséierung vum ganze Kulturliewen zu Lëtzebuerg matsechbruecht, e weideren Aspekt, deen dëse Virtrag behandele wäert.
Disciplines :
Performing arts
Author, co-author :
SAGRILLO, Damien François ; University of Luxembourg > Faculty of Humanities, Education and Social Sciences (FHSE) > Department of Humanities (DHUM)
Language :
Luxembourgish
Title :
Lëtzbuerger Musek säit dem 2. Weltkrich
Publication date :
23 November 2020
Number of pages :
58
Event name :
Kulturgeschicht Lëtzebuerg vun de 50er Jore bis haut